logo site
icon recherche
INFO FLASH
SP95 steigt (geringfügig)
Forum / Steuern und Finanzen

Pétition => Bessere Steuerklasse für Alleinerziehende  

Profilbild von
Manfred1
0 Messages

Offline

8 Jahren  ago  

http://chd.lu/wps/portal/public/PetitionDetail?action=doPetitionDetail&id=816

Fir eng steierlech Entlaaschtung vun den Elengerzéier/innen (familles monoparentales) Vis-à-vis vun enger Koppel gëtt eng „famille monoparentale" vill ze héich besteiert

Ech fuerderen

1. Upassung vun de Steiertabellen vun der Steierklass 1a-monoparentale un d’Steierklass 2

2. Ofkoppelung vum „crédit d'impôt monoparental“ (CIM) vum Montant vun den Alimenter

3. Ersetzen vun zousätzlechen Abattementer fir „Familles monoparentales“ duerch méi effektiv Steiererliichterungen, z.B duerch d’Erhéige vum CIM

4. Méiglechkeet ze wielen, a wat fir enger Steierklass een déi éischt 3 Joer no der Scheedung besteiert gëtt. Motivation de l'intérêt général de la pétition: Steiergerechtegkeet soll et an alle Situatiounen an an alle Steierklasse ginn.

1. Upassung vun de Steiertabellen vun der Steierklass 1a-monoparentale un d’Steierklass 2

Aus de Steiertabellen 2016 geet ervir, dat Elengerzéier/innen (Papp oder Mamm) (famille monoparentale, classe d'impôt 1a) bis zu duebel sou vill Steieren wéi eng bestuete/gepacste Koppel bezuelen. No der Steierreform 2017 gëtt den Ënnerscheet zum Deel nach méi grouss, trotz Abattementer a CIM, well d'Steierklass 2 zum Deel méi entlaascht gët wéi d'Steierklass 1a

Beispill:

En/g Elengerzéier/in bezuelt bei 50.000€ Brutoakommes 4.463€ Steieren, eng Koppel nëmmen 371€.

2. De „crédit d'impôt monoparental“ (CIM) dierf net un d'Alimenter gekoppelt sinn, fir dat jiddwer Elengerzéier/in dovu ka profitéieren. De CIM soll Elengerzéier/innen finanziell entlaaschten. Je no Montant vun den Alimenter fir d'Kanner kann de CIM awer op 0,00€ erofgoen. De CIM bedréit no der Reform zwëschen 750€ a 1.500€ d'Joer, jee no Akommes, falls en net duerch d'Alimenter ganz ewegfällt. Dat ass net gerecht vis-à-vis vun enger Koppel mat 2 Akommes, well Si ka vun engem Abattement extra-professionnel vun 4.500€ profitéieren, ouni Récksiicht op d'Héicht vum Akommes. Doduerch huet eng Koppel bis zu duebel sou héich Steieravantagen wéi eng „Famille monoparentale“.

3. D'Abattementer fir „Familles monoparentales“ sollten duerch méi effektiv Steiererliichterungen ersat gin, well Abattementer deene Leit zegutt kommen, déi en héicht Akommes hunn. Koppelen ouni Kanner déi zu 2 schaffe gin, kënnen ouni Problemer vun den Abattementer profitéieren, während Familles monoparentales sech oft keng zousätzlech Ausgabe (Botzhëllef, Zousazpensioun...) leeschten kënnen, fir vun den Abattementer ze profitéieren.

D'Iddi vun der Steierklass 2 ass jo, fir d'Famillen finanziell ze entlaaschten. Elengerzéier/inner mat engem oder méi Kanner sinn och eng Famill, gin awer net als Famill unerkannt a falen an d'Steierklass 1a. Si bezuele vill méi Steieren, zum Deel souguer souvill, dat hier Netto-Akommes inklusiv Kannergeld méi niddereg ass, wéi bei enger Koppel ouni Kanner.

Firwat soll en Elengerzéier als Famill mat engem oder méi Kanner vill méi Steieren bezuele wéi eng Koppel ouni Kanner. Eng Nobesserung fir d'Familles monoparentales muss ausgeschafft ginn, fir dat Gerechtegkeet an alle Gehälterklassen eng Realitéit ass.

4. Et ass wichteg dat ee wiele kann, a wat fir enger Steierklass een déi éischt 3 Joer no der Scheedung besteiert gët, well an den ennëschte Gehaltsklassen grouss Ënnerscheeder an de Steiertabelle sinn, a well en/g Elengerzéier/in déi 3 éischt Joer no der Scheedung/Trennung net vun de Viirdeeler vun der Steierklass 1a-monoparentale profitéiere kann.

Mat bäschten Gréiss


Profilbild von
butzel1
207 Messages

Offline

8 Jahren  ago  

Finde ich eine gute Sache!

Trotzdem habe ich eine Frage: ändert sich etwas daran dass man nach der Scheidung für 3 Jahre die Steuerklasse 2 bekommt, oder wie ist Nummer 4 zu verstehen?


Profilbild von
Gregorymix
0 Messages

Offline

8 Jahren  ago  

Guten Abend Frau Herr.

Ich biete Darlehen Owners Italien, Irland, die Schweiz, Österreich, Kanada, Portugal, Belgien, Frankreich, Lettland, Deutschland, Russland Reunion, Martinique Italien, Niederlande überall biete ich Ihnen ein Darlehen in Höhe von 5.000 € bis € 10 Mio. alle Personen der Lage, es mit Zinssatz zur Rückzahlung Das Interesse ist 3% für jede Menge beansprucht .Ich dies tue in der Domain Finanz -bereite - Immobilien-Darlehen - Investitionskredit - Auto Loan - Schuldenkonsolidierung - Erwerb von Kredit - Persönliche Darlehen -Sie sind stecken Wenn Sie wirklich brauchen ein Darlehen mich zu versuchen, Kontakt. Ich bin für alle Probleme verfügbar Financial. Für weitere Informationen kontaktieren Sie uns unter unsere E-Mail-Adresse: [email protected] [email protected]

WhatsApp Kontakt: +336 44 67 70 82

danke