Hier O-Ton von RTL.lu:
Studenteboursen: Lëtzebuerg kritt um Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg net Recht am Sträit ëm Finanzhëllefe fir Héichschoulstudien. D'Riichteren hunn decidéiert, dass d'Regelung, fir Kanner vu Frontaliere keng Finanzhëllefe fir Héichschoulstudien zouzegestoen, zwar e legitime But huet (nämlech deen, méi jonk Lëtzebuerger mat engem Unisdiplom ze kréien); d'Regel géif awer iwwert dat erausgoen, wat fir d'Erreeche vum Zil néideg ass. Ë.a. d’Gewerkschaften ALEBA, LCGB an OGBL haten dogéint geklot, dass Kanner vu Frontalieren net méi an de Genoss vu sou Studenteboursë komme sollen, well si net zu Lëtzebuerg wunnen. D’Riichteren hu mat hirem Uerteel och eng aner Positioun vertruede wéi den Avocat général, deen a senge Konklusiounen éischter op der Säit vum Lëtzebuerger Staat stoung.
Den Ament bezilt de Lëtzebuerger Staat knapp 90 Milliounen € fir dës Boursen, dat kéinten an Zukunft bis zu 200 Millioune ginn, wann elo dës Subsiden och solle fir Kanner vun Frontalieren gëllen.
D'Residenzklausel, sou wéi se den Ament am Gesetz iwwert d'Boursë gëllt, gesinn d'Europäesch Riichter als indirekt Diskriminéierung un.
Zanter Oktober 2010 kréien nëmme Studenten, déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn eng Bourse grad wéi Studente-Prêten.
D'Residenzklausel chiffréiert sech op 5 Joer hei am Land wunnen.
Géint eng Decisioun vum Verwaltungsgeriicht haten d'Elteren vun enge 700 Studenten, déi am Ausland wunnen eng Klo agereecht.