logo site
icon recherche
Forum / Allgemeines

Sprachprobleme, Kommunikationsprobleme  

Profilbild von
Meffo
7079 Messages

Offline

19 Jahren  ago  

Mme Colette Flesch (DP).- En huet zum Beispill am Gesetz proposéiert, mir sollen d’Fro formuléieren: „Êtes-vous pour le Traité établissant une Constitution pour l’Europe?“ Här President, dat ass e Luxembourgeoisissem. Korrekt muss dat heeschen: „Êtes-vous en faveur“. Sou wéi d’Kommissioun et iwwregens gesot huet. Mä wat nach méi iwwerraschend ass, dat ass dass d’Iwwersetzung da vun där Fro am Text, deen d’Regierung virgeluecht huet, am Lëtzebuergeschen an am Däitschen, an zur Form, an zum Fong falsch läit, well wa gesot gëtt „Êtes-vous pour“, da gëtt dat iwwersat „Stëmmt Dir fir“. Dat heeschteppes anescht. An op Däitsch heescht et d’selwecht „Stimmen Sie für“. Dat heescht eppes anescht wéi d’Fro, déi am Franséische formuléiert ginn ass. Also „ce qui se conçoit bien, s’exprime clairement et les mots pour le dire se trouvent aisément“.

(Hilarité) ■ Plusieurs voix.- Ooohhh! ■ Mme Colette Flesch (DP).- D’Verfassungskommissioun huet eng einfach Formulatioun proposéiert,… ■ M. Jean Asselborn, Ministre des Affaires étrangères et de l’Immigration.- Ass déi besser? ■ Mme Colette Flesch (DP).- …identesch, Här Minister an Här President,… (Interruption) …an den dräi Sproochen: „Êtes-vous en faveur du traité“, „Sidd Dir fir den Traité“, „Sind Sie für den Vertrag“. Wéi de Rapporteur et scho gesot huet, wëll ech och hei ervirhiewen, dass de Conseil d’État eng Formulatioun proposéiert huet, déi juristesch wahrscheinlech méi prezis war: „Êtes-vous en faveur de l’approbation par le Luxembourg du traité?“ D’Kommissioun war de juristeschen Argumenter vum Conseil d’État net entgéintgesat a mir och net, mä mir hunn awer alt gemengt, dass et der Einfachheet halber besser wär, wa mer déi Formulatioun géinge festhalen, déi ’Verfassungskommissioun proposéiert huet.

Compte rendu 8/2005 www.chd.lu


Profilbild von
dirkangela
954 Messages

Offline

19 Jahren  ago  

Aber sonst haben die keine Probleme *kopfschüttel*